De lëschten 20. September huet d’Madame Differding-Speller Eliane vu Bäertref hier 90 Joer zesumme mat hirer Duechter an hirem Enkel gefeiert. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Elianne am flotte Kader vum Hotel Perekop déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen. Och wann d’Mobilitéit an hirem Alter net méi 100% ass, sou kann sech d’Elianne nach enger gudder Gesondheet erfreeën, a sou huet hat senge Gäscht eng helle Wull Geschichten a Spiichte vu fréier kënne erzielen.
Gebuer 1935 zu Bäertref am Haus an “Driiesch”, engem fréiere Schräinerbetrib an der Laach, gouf d’Elianne den 29. Mee 1959 ob eiser Gemeng mam Edmond Differding vun Niederdonven bestuet. Keng Aarbecht war dem Elianne ze vill, an hat huet och gären geschafft. Zwee ganz schlëmm Evenementer a sengem Liewe waren de Brand vun der Scheier vun hirem Betrib 1977, bäi deem seng Mamm em d’Liewe koum, an deen ze fréien Doud vum Edmond 1987. Trotz allem huet d’Elianne mat vill Energie weidergemaach dat ënnerstëtzt vun senger Famill, an huet alle Widregkeete vum Liewe getrotzt.
Mir wënschen dem Elianne nach weider eng gutt Gesondheet a vill Energie fir déi nächste Joren am Krees vun eiser Duerf Gemeinschaft ze verbréngen.