D’ Madame Lucas-Ries Gilberte vu Bäertref feiert seng 90 Joer

De lëschte 7 Juni huet d’Lucas-Ries Gilberte vu Bäertref, och nach Gibby genannt, säi 90. Liewensjoer erreecht. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Gibby déi häerzlechst Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.

Gebuer 1935 zu Bäertref gouf d’Gibby de 7. Februar 1959 ob eiser Gemeng mam Bäertreffer Lucas (Kiischte) Georges bestuet. Vun do un hunn sie zesummen a Kiischten am Familljebauerebetrib an der Bruttgaass geschafft, wärend de Georges spéider awer nach haaptberufflech engem anere Beruff nogaangen ass. Den Alter huet et hinne ëmmer méi schwéier gemaach aleng eenz ze ginn, an duerfir si Sie viru Kuerzem an d’Fleegeheem “Belle Vue” ob Iechternach geplënnert, wou sie sich ganz wuel fillen. Hei gi Sie dann och vun hiren dräi Kanner, fënnef Enkelkanner an och schonns 4 Urenkelkanner ënnerstëtzt.

Mir wënschen dem Gibby nach weider eng gutt Gesondheet a vill Courage fir déi nächste Joren.