De Meyers Nicolas genannt Néckel vum Biirkelt feiert seng 90 Joer

De leschten 22. Mäerz huet de Meyers’en Néckel vum Biirkelt säin 90. Gebuertsdag gefeiert.

Trotz Corona-Mesuren, a well och den Néckel a seng Fra schonns fir d ‘Zweet geimpft waren huet de Schäfferot et sech net huele gelooss, him déi beschte Gléckwënsch vun der Gemeng a senge Bierger ze iwwerbréngen.

Gebuer den 22 Mäerz 1931 zu Bäertref, als eent vu sechs Geschwëster huet den Néckel säi ganz Léiwen um Biirkelter Haff verbruecht an am Bauerebetrib geschafft. Bestuet huet hien sech den 3. Juli 1962 mam Marie Wolter vu Präiteler. Fënnef Kanner a véier Enkelkanner sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen. Besonnesch déi schwéier Krichsjoren hunn dem Néckel säi Léiwe gepräägt an hien ass haut nach ee vun deene Leschten am Duerf déi engem sou munch Anekdot aus der Zäit kann erzielen, besonnesch wann e weess dat sech um Biirkelt ee vun de Viirpostë vun den Amerikaner kuerz virun der Rundstedtoffensiv fonnt hunn.

Den Néckel war ëmmer am Duerfliewen aktiv dat als Member vum Gemengerot vun 1982 bis 1987 an als Member am Sozialbüro oder fréier Aarmebüro genannt vun 1988 bis 2010. Als laangjärege President vum Bäertrëffer Juegdsyndikat an als aktive Member a vum Comité vun de Bäertrëffer Pompjeeën, huet hien aktiv zum Veräinsliewe bäigedroen.

Trotz sengen 90 Joer ass den Néckel weiderhi vill ënnerwee, ob ze Fouss oder mam Auto an hellt wa méiglech um Duerfliewen deel. Mir wënschen him vun der Gemeng alles Guddes mat nach enger Partie Joren a beschter Gesondheet derbäi.