Diamanten Hochzäit vum Aloyse Bertemes an dem Marguerite Kintzinger vu Bäertref

60 Joer ass eng laang Zäit. De leschten 28. Oktober hunn den Aloyse Bertemes an d’Marguerite Kintzinger hir Diamanten Hochzäit kenne feieren. Wéinst de Corona-Moossname vun där Period hat de Schäfferot zesumme mat der Koppel décidéiert dësen Dag zu engem méi spéideren Zäitpunkt ze feieren. Dës hunn si den 13. Juli nogeholl, an der sympathescher Koppel e grousse Merci an déi beschte Gléckwënsch am Numm vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref iwwerbruecht.

Gebierteg alle zwéin aus dem Éislek, den Aloyse 1936 zu Roder (Ruadder) bäi Marnech, an d’Marguerite 1942 zu Woltz, hunn si sech wéi schonns gesot den 28.10.1960 zu Hengescht bestuet. Dräi Bouwen, zwéin Enkelkanner an een Urenkelkand sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen. No Openthalter zu Schieren an zu Ettelbréck hunn si decidéiert 1976 zu Iechternach an der Lëtzebuerger Strooss eng kleng Epicerie opzemaachen. Ufank den 80er Joren, huet d’Marguerite sech an en Haus zu Bäertref verléift, an si hunn dat zesummen an d’Rei bruecht. Hier léifste Beschäftegung war an ass den Entretien vun hire wonnerschéinen Amenagementer a Plantatioune ronderëm d‘Haus, eng Aarbecht déi zwar mat der Zäit ëmmer méi beschwéierlech gëtt. Säit 1990 sënn si offiziell Bäertrëffer Leit, an hinne gefält et hei, obschonn de Lien mam dem Éislek nach ëmmer an hirem Häerz bestoe bliwwen ass.

Mir wënschen der sympathescher Koppel fir d‘Zukunft nach vill gemeinsam Joren an hirem Haus zu Bäertref.