Eng nei Platz fir de Gedenksteen vum Fortress Hotel

Den 1. Juni 1974 gouf beim deemolegen Parc-Hotel e Monument opgeriicht als Gedenken un déi historesch Schluecht ronderëm den Fortress Hotel am Ufank vun der Rundstedtoffensiv, dat a Präsenz vun engem groussen Grupp vun amerikanesche Krichsveteranen, déi am Kader vum 30. Gedenkjoer vun dësem Evenement duerch Lëtzebuerg gereest sinn.

Nodeems de Parc-Hotel duerch en neien Projet ersat sollt ginn, an dat awer eng Zäit Joren gedauert huet, hu mir als Gemeng dëst Monument ewech geholl an et op enger sécherer Platz deponéiert. No der Fäerdegstellung vun der Senioren Residenz am Park, war d‘Aufgab fir eng nei Platz fir dës wichteg Erënnerungsstéck vun eiser Duerfgeschicht ze fannen. Mir mengen op der Rouplatz mat Weier säitlech vum dësem Gebai hätte mer deen richtege Kader heivir fonnt.