Gëllen Hochzäit vum René Manternach a Mariette Cigrang vu Bäertref

E besonneschen Dag hunn de René Manternach genannt de Päiwësch Renn a seng Fra d’Mariette Cigrang de leschte 16. Oktober 2020 zesumme mam Schäfferot vun der Gemeng, natierlech am Kader vun den aktuelle sanitäre Moossnamen, gefeiert. Et ware genau 50 Joer hier dat si sech zu Bäertref op der Gemeng d ‘Jo-Wuert ginn hunn, an dat am fir den heitege Gebrauch jonken Alter vun 21 Joer. Während de René aus engem ale Bäertrëffer Haus staamt, aus “A Päiwësch”, ass d’Mariette vu Beefort aus engem Haus wou fréier e klénge Café mat Danzsall war a wou se sech sécher och kenne geléiert hunn. Kuerz no der Hochzäit sinn si zesummen op Bäertref wunne gaange wou si sech 5 Joer spéider nieft dem René sengem Heemechtshaus hirt eegen Heem gebaut hunn. Aus dem Bestietnes sënn e Jong an eng Enkelin ervirgaangen.

Dem René seng Passioun war schonn ëmmer d ‘Musek, a sou war hie vu Jonktem un Member an der Harmonie Bäertref dat op dem Bugel an der Trompette. Hien huet sech ausserdeem vun 1974 bis 1979 a säit 2006 bis haut ëm den Archiv vun der Musek gekëmmert, huet vun 1988-1998 de Poste vum Caissier erfëllt, an ass schonns säit 1998 an der Funktioun vum President aktiv. D’Mariette huet de René ëmmer a senge Funktiounen ënnerstëtzt a bei all Fest eng Hand mat ugepaakt.

An esou war et natierlech selbstverständlech dass de Schäfferot drop gehalen huet der engagéierter Koppel e grousse Merci an déi beschte Gléckwënsch am Numm vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen.