Haupeschfest zu Bärdref den 4. + 5.11.2023

Haupeschfest 2023

De Weekend vum 4. a 5.November hunn d'Fraen a Mammen vu Bärdref hiren 18. Konscht- an Handwierkermaart ofgehalen. Dëst Joer ënnert schwieregen Wiederkonditiounen, mee trotz Reen a Wand hunn 4000 Visiteuren de Wee op Bärdref fonnt, an eng 100 Konschthandwierker hu mat vill Engagement hir Wueren ugebueden. Duerfir soen mir hinnen all en decke Merci fir hir Gedold an Ausdauer. D'Veräiner déi am Foodvillage Iessen a Gedrénks ugebueden hunn, haten et dëst Joer och net einfach. D'Leit konnten sech am Centre Culturel bei engem Patt, enger Taass Kaffi an engem gudde Stéck Kuch nees e bëssen opwiermen, fir duerno mat neiem Elan nees iwwer de Maart ze trëppelen. Trompes de chasse de la vallée des 7 châteaux hu mat hirer Musek fir gutt Stëmmung gesuergt, an de Ballonkënschtler an d'Stelzegänger hunn de groe Weekend e bësse méi faarweg gemaach. Mir soen all eisen Aussteller a Visiteuren merci a gin hinnen Rendez-vous fir d'nächst Joer den 9. an 10. November 2024, bei hoffentlech méi frëndlechem Wieder.