Barabarafeier vun de Pompjeeën Groussbus a Préizerdaul


Préizerdaul: Och dest Joer hun d’Pompjeeën vu Grousbuss a Préizerdaul drop gehaalen, fir hir Schutzpatréinisch- d‘Hëlleg Barbara- ze feieren. D’Mass an der festlich gerëschter Kierch am Préizerdaul gouf zelebréiert vum Pater Jean-Jacques Flammang a gesanglich verschéinert vun dem Ensemble Vocal Préizerdaul a begleet vum Organist Francis Glesener. A senger Predigt huet de Pater Flammang, de Pompjeeën villmols Merci gesoot fir hiren dagdeeglichen, benevolen Asaatz am Dingscht vum Nächsten. Di hëlleg Barbara soll si och an all Situatioun beschützen. An de Fürbitten, virgedro vum Isabelle Asseray, gouf och un all liewend a verstuerwen Pompjeeën geduecht. (CR) (Foto: Charles Reiser)