Préizerdaul: Zënter 1990 ass et di schéin Traditioun vun de Réidener Juegdbléiser ëm Haupeschdag, vir d’Haupeschmass all Joer an engem aaneren Eck vum Réidener Kanton ofzehaalen. An der mat schéiner Juegddekoratioun gerëschter Kierch am Préizerdaul gouf de Gottesdëngst dest Joer dann vum Pater Jean-Jacques Flammang zelebréiert. Passender Weis hun di Réidener Juegdbléiser ënnert der Leedung vum Marc Pletgen fir di musikalisch Verschéinerung vun der Hubertusmass an der Préizerdauler Kierch, gesuergt. A senger Predigt ass den Jean- Jacques Flammang op d’Missioun an d‘Passioun vum Jeeër an der Natur ënnert hirem Schutzpatroun dem hl. Hubertus agaangen. Säin spezielle Merci huet hien de Réidener Juegdbléiser ausgesprach fir di schéin Traditioun, d’Haupeschmass all Joers op en neis mat hiren klangvollen Instrumenter ze verschéineren. Och de President Guy Schank huet zum Schluss vun der Mass all Bedeeligten säin Merci ausgedrëckt, déi zur Gestaltung vun der 34. Haupeschmass am Préizerdaul beigedroen hun. Mat engem vun de Juegdbléiser beim Fâkelschäin offréirertem Concert mat Juegdmusek an engem Glas Glühwäin huet dess schéi Feier am Schoulhaff am Préizerdaul hiren würdigen Ofschloss fond. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)