Aweiung vum Club Aktiv+ deForum zu Beetebuerg

D’Aweiung vum Club Aktiv+ deForum zu Beetebuerg war en historesche Moment fir d’Awunner aus der Regioun. Dëse Projet, deen an enker Zesummenaarbecht mat de Gemenge Beetebuerg a Leideleng, souwéi Elisabeth Senior realiséiert gouf a vum Ministère de la Famille et de l'Intégration ënnerstëtzt gëtt, soll déi regional Aktivitéiten, déi den eelere Leit ugebuede ginn, erweideren.

De Max Hahn, Ministre de la Famille et de l'Intégration et Ministre à la Grande Région, de Laurent Zeimet, Buergermeeschter vu Beetebuerg, de Lou Linster, Buergermeeschter vu Leideleng, de Fernand Boden, Präsident vum Conseil d’administration vun Elisabeth souwéi de Jaime (genannt Jim) Evangelista, Chargé de Direction vum deForum, hunn un der Inauguratioun Deel geholl. An hiren Usproochen hu si den Invitéen, déi gréisstendeels aus Membere vu verschiddene Veräiner vu Beetebuerg a Leideleng bestanen hunn, erkläert, wéi wichteg dëse Projet net nëmme fir d’Senioren aus der Regioun mee déi gesamt lokal Communautéit ass.

De Club Aktiv+ deForum bitt eng grouss Pallett un Aktivitéite fir Senioren, déi hinnen d’Méiglechkeet ginn, aktiv ze bleiwen an hiert Wuelbefannen ze erhalen. Et gouf och betount, dass de Projet eng intergenerationell Solidaritéit fërdert an zu der kollektiver Entwécklung vun der lokaler Communautéit bäidréit.

Mam Club Aktiv+ deForum erweidert Elisabeth seng Offer fir Senioren a vergréissert säin Aktivitéitsberäich, deen aktuell d’Secteure vun der Enfance, der Jeunesse, dem Handicap an dem Senior ëmfaasst.

Weider Informatiounen iwwer de Club Aktiv+ deForum an den aktuelle Programm fannt Dir hei: https://deforum.lu


Fotoen: Dan Georges