Minimiez Gebuertsdagsfest
Léif Miezefrënn, den 24.09.2022 ass am Veräinshaus zu Beetebuerg ab 12:00 eng Gebuertsdagsfeier vun der Mini-Miez Asbl. Mir feieren eis 10 Joer. Nierft engem leckeren Iessen (1 Portioun Iessen ass fir näischt, wéi och 1 Gedrénks) an enger flotter Tombola, fannt Dir hei nach vill schéin a lecker Saachen déi mir selwer gemaach hunn. Kommt eis gäre besichen, mir freeën eis!