Kierzlech war eng kleng Feierstonn mat den Diplom-Iwwerreechunge vun de PC-Atelieren. Insgesamt 50 jonk Leit hunn an 8 Couren dorunner deelgeholl. Am Cycle 3 stung Internetsécherheet mat Bee-Secure an digital Fotografie um Programme an am Cycle 4 stung de Geocaching am Mëttelpunkt.
Mir soen de Monitricen/Moniteuren an och den externen Intervenante wéi BEE Secure a Youth hostels Luxembourg e grousse Merci.