D’Fraen a Mamme vu Bettenduerf spende 4000€ fir den El Salvador.

An hirer Versammlung vum 26. September 2016 hunn d’Fraen a Mamme vu Bettenduerf der Fondatioun Lëtzebuerg – El Salvador e Scheck vu 4000€ iwwerreecht. D’Vertrieder vun der Fondatioun hunn uschléissend eng PowerPoint Show iwwert d’Land El Salvador gewisen, a matgedeelt, wat fir eng Projetë si scho realiséiert hunn. Si hunn och déi néideg Erklärunge ginn, wat fir eng Verwendung den Erléis vun de Fraen a Mammen hirer “Kaffisstuff” fanne wärt.