Pascale HANSEN: Kandidatin fir d'Gemengewahlen 2011

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

Den 9. Oktober stellen ech mech Ärem Vote an erlabe mir mech kuerz virzestellen:

Mäin Numm ass Pascale HANSEN. Ech si 36 Joer al.

Zesumme mat mengem Mann, dem Patrick MEYERS, wunnen ech zënter Ufank 2008 zu
Bettenduerf, 6 um Treppchen. Ech sinn d‘Mamm vum klenge Raphaël (22 Méint).

Vu Beruff sinn ech Affekotin.

Ech sinn interesséiert aktiv an der Gemengepolitik zu Bettenduerf matzeschaffen wann Dir mir Är Ënnerstëtzung an Äert Vertraue géift schenken.

Ech wäert mech asetzen fir eng liewenswäert a biergerfrëndlech Gemeng Bettenduerf. Eis Gemeng muss ëmweltbewosst, klimafrëndlech an zukunftsorientéiert handelen.
Si muss dofir suergen, datt hir Bierger och weiderhin an engem attraktiven Ëmfeld kënne wunnen a liewen, an deem si och déi Zervisse fannen, déi eng modern Gemeng am 21. Jorhonnert ubidde muss.

Et heescht och an d’Jugend an an hir Zukunft ze investéieren. Mir mussen deene jonke Leit an de Famillen déi néideg Mobilitéit garantéieren fir datt si an eiser Regioun wëllen a kënne wunne bleiwen.

Nohaltegkeet heescht awer och eng Gemengepolitik ze bedreiwen mat laangfristegen an
finanzéierbare Léisungen.

Des weidere well ech mech asetzen fir eng informatiounsorientéiert Gemengepolitik, déi méi biergerno an effikass communiquéiert.

Selbstverständlech muss eis Gemeng och aktiv un der Gestaltung vun der Nordstad matschaffen.

Nëmmen zesumme mat den Nopeschgemengen kënne verschidde staatlech a regional Projeten am Interessi vun alle Bierger aus der Regioun virugedriwwe ginn.

Dofir brauch d’Bettenduerfer Gemeng ee konstruktive Gemengerot, deen sech an den Déngscht vum Allgemengwuel stellt.

Wann Dir der Meenung sidd, datt ech mat menger Kandidatur dozou ka bäidroen, da wier ech frou, wann Dir mir den 9. Oktober Är Stëmm géift ginn. Am Viraus soën ech Iech villmools Merci.

Bettenduerf, Oktober 2011
Pascale HANSEN