Eng onvergiesslech Visitt vum Minister Max Hahn am Institut St Joseph

Et ass net all Dag dass den Institut St Joseph, ee vun den Zentre fir Leit mat enger Behënnerung vun Elisabeth Handicap, esou en héije Besuch kritt!

De Ministre de la Famille et de l'Intégration a Ministre à la Grande Région Max Hahn gouf häerzlech vun de Bewunner zu Betzder empfaang an huet net schlecht gestaunt wou hie gesinn huet, wéi vill Talent eis Mataarbechter an den Ateliers d'inclusion professionnelle hunn.

Dës onvergiesslech Visitt huet op en Neits gewisen, dass Inklusioun an Diversitéit an eiser Gesellschaft immens wichteg sinn.