Viru kuerzem huet d'Amicale Institut St. Joseph Betzder hieren traditionelle Gala Déjeuner de bienfaisance an der nei renovéierter Cafeteria zu Betzder ofgehalen.
Bei dëser Geleeënheet huet d'Madame Betty Zeimes-Braun der Amicale e Scheck vun 2.000€ iwwerreecht. Et war dat den Erléis vun der Quête fir de gudden Zweck, déi si bei hierer Gebuertsdagsfeier mat Famill a Frënn organiséiert hat.
D'Amicale seet nodréiglech nach eng Kéier villmools Merci fir dëse léiwe Geste!
Text: Christiane Bruck-Greif