25 Joer Porsche Classic Club Lëtzebuerg

De Porsche Classic Club Lëtzebuerg besteet elo saït méi wéi 25 Joer. An deser Vereenegung sinn 220 Membere, déi alleguer Besëtzer vun engem oder möi klasseschen Autoen vun der Mark Porsche sinn.

Reegelméisseg organiséieren déi Verantwortlech Manifestatiounen, wou dann zesummen een Tour gefuer gëtt a meeschtens duerno bei engem klengen Iessen iwwert Bensinn geschwat gëtt an deen een oder anere gudde Rot getosch gëtt.

D'lescht Joer stoung ganz am Zeeche vun der 25-Joer-Feier an dofir gouf sech extra vill Méi gemaach, fir vill an flott gemeinsam Sortien ze proposéieren.

Schon am Virfeld vun dëse Manifestatiounen hate sech Membere vum Comité zum Zil gesat, dass de ganze Benefice géif un verschidden Organisatioune gespent ginn, déi op d'Hellëf vun baussen ugewisen sinn. Schnell war kloer, dass dobäi d'Kanner sollten am Mëttelpunkt stoen.

An esou konnte kierzlech bei enger klenger Feier am Porsche Zenter Roost insgesamt 15.000 € verdeelt ginn.

De President Marc Olsem huet sech eng Freed gemach, am Numm vum PCCL dräi Schecke vun all Kéier 5.000 € u folgend Organisatiounen ze iwwerreechen, an zwar: Hëllef fir den Puppelchen, Scap an Île aux Clowns.