Buergbrennen zu Biwer

No aler Traditioun gouf och dëst Joer erëm zu Biwer d'Buerg gebrannt. Nom Opriichten goung de Cortège duerch d'Uertschaften Biwer & Wecker. Den Treffpunkt war uschléissend ëm 18:30 Auer bei der Biwer Kiirch vun wou aus dunn de Fakelzuch erop bei d’Buerg gaangen ass, wou dest Joer d'Mandy an de Patrick, d’Buerg ugefaangen huet. Mat engem Patt Glühwäin, engem Chokky fir déi Kleng an engem gudde Wirschtchen mat Sauermous, hunn vill Awunner dem Spektakel nogekuckt an de Wanter verdriwwen. E grousse Merci Allen déi de Wee trotz de schlechte Wieder-Kondissiounen bei ons fond haten.