Chaos pur mat Molbierszooss
11
Galerie d'images
Faites défiler la page vers le bas pour voir plus d'images.
Emanzipatioun vum schwache Geschlecht (Männer), vill Duercherneen ronderëm een Duerf-Restaurant wou d’Besëtzerin vum Bräiläffel dreemt, esou d’Geschicht ronderëm Theaterstéck “Chaos pur mat Molbierszooss”. Bei deem lëschtegen 3 Akter frësch aus der Fieder vum Liliane Bichler (dat bei dësem ganz neien Stéck och selwer mat ob der Bühn stoung), wousst d‘Theateréquipe vun der Biwer Musek, ënnert der Regie vum Claude Schmit, hiert Publikum ze begeeschteren an esou munnech Zeen hat e groussen Applaus verdéngt.