DE KLEESCHEN


Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen,

bréng ons Saachen allerhand,

fir ze kucke, fir ze schmaachen,

aus dem schéinen Himmelsland!


Bei der Dir, do stinn eis Telleren,

beieneen an enger Rei,

’t läit och Hee do fir däin Iesel,

duerfir bréng ons Spillgezei,

’t läit och Hee do fir däin Iesel,

duerfir bréng ons Spillgezei!


(Text vum Willy Goergen a komponéiert vum Pëppy Beicht)

--------------------------------------------------------------



Foto: Steyer - Fonck Alice

© copyright