Bigonville: An der Gemeng Rammerich ass et schon zënter Joeren di schéin Traditioun am Mount November, am Kader vun hirer „Soirée des personnes méritantes 2025 “ fir Schüler, Musiker, Sportler an déi den Éischt- Hëllef -Cours bestaanen nun, zu hirer besonnescher Leeschtung iwert d’Joer ze honoréieren. Agaangs der Präisiwerreechung am centre culturel zu Bigonville huet d’Myriam Binck, Buergermeeschter vun der Rammericher Gemeng,alle Laureaten och zu hiren besonneschen Leeschtungen gratuléiert an hinnen och weiderhin vill Gléck an Erfolleg fir Zukunft gewënscht. Si all ereechen duerch Teamgeescht, Disziplin an Duerchhalverméigen ëmmer nees aussergewéinlich Resultater an vertrieden eis Gemeng mat Stolz. Uschléissend konnten folgend erfollegsräich Matbierger e Scheck an een Éierendiplom aus den Hänn vum Schëfferot entgéinthuelen. Am Kuerf fir d’Laureaten vum Éischt- Hëllef -Cours war eng Läschdecken, e Rauchmelder, en Éischt- Hëllef kit an e Feierläscher. Folgend Sparten vu matbierger si gééiert gin: 12 élèves méritants, 19 Diplôme de réussite, 14 sportifs méritants, 9 musiciens méritants, 3 Associations sportives an 9 participations mat réussite beim Éischt Hëllef Cours. (CR) (Foto: Charles Reiser)