Däerf et mir gudd goen wann et him/hir schlecht geet?

11
mai
11 mai

Ass an ärer Famill eng Persoun där et net gutt geet? Een Elterendeel, een Kand, een Partner oder eng Partnerin, wou et schwiereg huet aus dem Bett ze kommen, wou d’Kraaft net fënnt fir Aktivitéiten ze maachen, traureg ass, kräischt, wou Villes negativ gesäit, iwwerfuerdert ass – an Iech fält et schwéier domadder eens ze gi ? 

Dëse Grupp ass gemaach vir déi Leit, déi mat enger Persoun liewen där et schlecht geet, fir Angehörige. Hei tauschen mer eis aus iwwert eis Gefiller, eis Gedanken an eis Erfarungen. Duerch dësen Austausch probéieren mer ze leieren, wei een sech kann gesond ofgrenzen an besser fir deen Aneren do sinn.


Informationen an Umeldung : https://www.familljen-center.lu/events/daerf-et-mir-gudd-goen-wann-et-him-hir-schlecht-geet-2024-02-978