Präisiwwerreechung um Buurschter Schlass

Schätzen, Gewannen, Ballonfléien – eis Ouschteraktioun am Cactus Angelduerf.

"Wéi vill Leit besichen wuel iwwer Ouschteren d’Buurschter Schlass?" – dës Fro hu mir eis (an iech!) während eisem Promotiounsstand am Cactus gestallt.

An d'Äntwerten? Vun optimistesch bis astronomesch war alles dobäi!

Et waren insgesamt 824 Visiteuren do an de gléckleche Gewënner, de François Molitor, war mat séngen geschätzten 835 bal un déi richteg Zuel komm. Hien huet eng Fahrt mat dem Buurschter Ballon gewonnen. Dat versprécht eng Vue iwwer d'Regioun, déi een net all Dag ze gesi kritt!

A well mir net nëmmen ee Gewënner wollten houfreg maachen, hu mir och 19 aner Leit, déi no un der richteger Zuel dru waren, mat Trouschtpräisser belount.

D’Präisiwwerreechung war eng flott Geleeënheet fir Merci ze soen: un alleguer déi matgemaach hunn, an un de Cactus fir déi super Zesummenaarbecht an alle Sponsoren fir déi flott Trouschtpräisser.

Merci och de Memberen vum Comité vun de Schlassfrënn an un eis Buurschter Schlasskoppel fir d’Präsenz um Stand a bei der Präisiwwerreechung.

Mir ginn eis RV t’nächst Joer um Ouschterweekend am Cactus zu Angelduerf wou mir eis dann rëm eng flott Schätzfro ausdenke wäerten.