Liesung fir Kanner mam Marc Weydert an der Hex Krixkrax

01
févr.
01 févr.

Am Kader vum Zéissenger Bichermaart liest den Auteur Marc Weydert sonndes, den 1. Februar ëm 10.00 Auer säi Buch "Krixkrax" vir, Gewënner vum Lëtzebuerger Buchpräis a Publikumspräis an der Kategorie Kannerbuch.

De Kinnek Mett huet eng komesch Krankheet, iwwerall op sengem Kierper tauche faarweg Tëppelen op. Keen Dokter, keen Expert kann him hëllefen. Duerfir soll d'Hex Krixkrax ëm Rot gefrot ginn. Déi sëtzt ganz uewen an hirem héigen Tuerm. Mee wéi kënnt een dann nëmme bei si erop?

"Krixkrax" verzaubert Kleng a Grouss mat sénge Reimen, déi liicht an d'Ouer ginn.

Krixkrax: Text: Marc Weydert; Illustratiounen: Patty Thielen: PersPektiv éditions.