4.444€ fir d’Stëmm vun der Strooss

Zënter 1991 organiséieren Zéissenger Veräiner zesummen en Adventsmaart. Op dësen traditionelle Maart hunn och si dëst Joer wéinst der Pandemie misste verzichten: kee Glühwäin, keen Ierbessebulli, keng Gromperekichelcher, jee keen Iesse, kee Gedrénks…

awer...am Numm vun de Veräiner hunn d’Guiden an d’Scouten virun hirem Lokal Adventskränz an dekoréiert Sträiss op Bestellung verkaaft, d’Equipe Hëllef fir... huet an hirer Garagenentrée Chrëschtarrangementer an d’Fraën a Mammen hu Gebeess verkaaft. Mat dem stolzen Erléis sinn d’Veräiner frou och am Joer 2020 Leit z’ënnerstëtzen, déi et besonnesch an dëser schwéierer Zäit batter néideg hunn.