KONVENIAT vun der Promotiun 1970 vum Dikkricher Kolléisch zu Clierf
Op Invitatiounn vum Jeanne Weyland a Maisy Berscheid, huet sech d’Promotioun 1970, Sektioune ‘Latine, Commerce, Moderne an Indus zu Clierf getraff fir hiren traditionelle Konveniat.
No enger Visitt vun der Fotos-Ausstellung an der Cité de l’image, der Clierfer Kierch an der Ausstellung ‘Family of Men’ vum Edward Steichen, gouf et e gemeinsaamt Nuetsiessen am ‘Stall’.
Nodeems och d’Nachzügler all agetraff waren, hunn déi ronn 25 fréier Primaner Erënnerungen opgefrëscht, wubäi och allgemeng Themen fir intressante Gespréichsstoff gesuergt hunn. Allgemeng gouf gemengt (den Alter läβt grüssen!), déi kommend Konveniaten all zwee Joer aplaz all 5 Joer ze organiséieren a vläicht schonn fir d’Mëttesiessen zesummen ze kommen.