Am Kader vun enger feierlecher Zeremonie den 8. Oktober 2025 huet d’Madame Martha Wangen-Faber an der Résidence des Ardennes zu Klierf den „Ordre de Mérite“ vum Minister Max Hahn iwwerreecht kritt.
D’Martha Wangen-Faber ass den 1. Oktober 1925 zu Molschend (B) als véiert Kand vun aacht op d’Welt komm. Hir Elteren haten e landwirtschaftleche Betrib, wou si scho fréi geléiert huet matzeschaffen. D’Kandheet an d’Jugend ware gepräägt vum Krich. Wärend hir Bridder an d’Arméi agezunn goufen, hunn déi eelst Meedercher um Haff mat ugepaakt.
No dem Krich ass si op Bréissel gaangen, wou si fir e Firmechef geschafft huet, duerno op Heusy bei een Dokter. De 15. Mee 1953 huet si de Nicolas Wangen, e Jong vun Ouren, bestuet. D’Koppel huet sech zu Wäiswampich niddergelooss, wou si zwee Kanner opgezu hunn an d’Famill sech iwwert d’Jore mat véier Enkel- a dräi Urenkelkanner vergréissert huet.
Nom Doud vun hirem Mann 1991 – e schwieregen Zäitpunkt an hirem Liewen – konnt si ëmmer op d’Ënnerstëtzung vu Famill a Frënn ziele. 2020 ass si aus Gesondheetsgrënn an d’Altersheem zu Klierf geplënnert, wou si bis haut lieft. D’Martha Wangen-Faber ass och am héijen Alter nach aktiv a prett, do wou et geet eng Hand mat unzepaken. Hir Famill kënnt si reegelméisseg besichen.
Bei engem Glas Schampes am Krees vun de Kanner, Enkel- a Urenkelkanner gouf den Dag vun der Auszeechnung zeréckgekuckt op e Liewen, dat gepräägt ass vu Fleiss, Familljebezunnheet an Zesummenhalt.