Generalversammlung Senioren Gemeng Konsdrëf

De 17. Februar 2024 hunn "Senioren Gemeng Konsdrëf" op enger gutt besichter Generalversammlung

hirem laangjärege President John Reiter an hirer Sekretärin Henriette Weber - Garson mat engem schéine Kaddo Merci gesot fir déi vill Aarbecht déi si fir de Veräin geleescht hunn.

Gläichzäiteg hunn sech zwee nei Membere an de Kommitee gemellt: den Här Nico Alfter an d‘Madame Wylia Biltgen-Siebenaller, sou dass de Veräin och an Zukunft hire Memberen vill flott Manifestatioune organiséieren kann .

Dem neie President Gerry Grosser, deen eestëmmeg gewielt gouf, wënsche mer vill Erfolleg