Mat grousser Freed wëlle mir bekannt maachen, dat den 11. Mee 2025 zu Konsdref en neie Veräin gegrënnt ginn ass: „Kultur a Patrimoine Konsdref (KuPa) a.s.b.l.“ ass den Numm, dee mir eis ginn. Et sinn déi komplex Erausfuerderungen, déi sech eisem lokale Patrimoine entgéint stellen, déi eis beweegt hunn an engem Veräin zesummen ze kommen.
An eise Statuten hu mir eis eng Rei Ziler gesat (déi mir Iech och gären zoumailen) – hei kuerz am Resumé:
- Erhaalung, Restauratioun an Neiwäertung vum historesche Kär vum Duerf Konsdref, souwéi d’Erhaalung an d’Neiwäertung vum architektoneschen, archeologeschen an immaterielle Kulturierwen an allen Uertschaften vun der Konsdrëffer Gemeng
- Promotioun, Sensibiliséierung a Kommunikatioun vum kulturellen a ländlechen Duerfliewen
- Fuerschung, Weiderginn a Promotioun vun der lokaler Geschicht
Et geet heibäi global drëm eise kulturelle Patrimoine an all sengen Aspekter: den architektoneschen, den archeologeschen an den immateriellen (wéi z.B.Traditiounen etc.) Patrimoine ze erhalen, ze restauréieren an ze revaloriséieren. Méi konkret geet et eis virun allem ëm den historeschen Duerfkär vum Duerf Konsdref an den historeschen Gebaier, déi der Gemeng an dem Kierchefong gehéieren (virun allem d’Kierchen an der Gemeng). Hei wëlle mir Iwwerleeunge maachen fir nei Notzunge ze fannen, an eis aktiv un hirem Erhalt ze bedeelegen. Wat d’Gebaier a privater Hand ugeet, wëlle mir d’Leit sensibiliséieren, an op de Wäert vun eisem Patrimoine, besonnesch fir d‘Attraktivitéit vun eisen Dierfer, fir d’Touristen an awer och fir d’Liewensqualitéit vun all hier Awunner, hiweisen. Genau aus dem Grond fuerdere mir och een Iwwerschaffe vun der Lëscht vun de Gebaier, déi am Kader vum allgemengem Bebauungsplang (PAG) geschützt sinn. Duerch dës Upassunge solle mei Leit an de Genoss vu staatleche Subside komme wéi elo. Och wëlle mir de laange Wee zum Erhalt an der Revaloriséierung vun der Maison Lauer als Associatioun, zesumme mat der Konsdrefer Gemeng, viru goen an eis Propose fir zolidd Léisungen an d’Realitéit ëmsetzen.
Jiddereen dierf gär bäi eis matmaachen: sief et entweder als effektive Member oder als “Membre sympathisant”. Fir effektive Member ze ginn muss een eng Bäitrëttserklärung ausfëllen, vum Kommitee ugeholl ginn, an d’Cotisatioun vun 20 € op eise Konto ( LU54 0019 7955 9748 1000 (BCEELULL) iwwerweisen - als „Membre sympathisant“ kann een ee fräi wielbare Montant bezuelen, an domat huet en sech zu näischt verpflicht.
Gäre luede mir Iech elo schonn op eis geplangten Aktivitéiten an:
- Kiermesweekend zu Konsdref: mir hunn ee Stand um Duerffest an der Gemengestrooss (21.09.2025)
- Informatiounsowend zum Thema “Hausnimm” am Kader vun de “Journées du Patrimoine” (25.09.2025)
- Floumaartstand am Haff vun “A Schenten” zu Konsdref (12.10.2025)
- Chrëschtmaart um éischten Adventsweekend zu Konsdref um Kuerzwénkel (29.11.-30.11.) wou mir mat engem Stand vertruede sinn
- als Veräin wäerte mir eng Adventsfënster bei der Aktioun “Adventsfënsteren” gestalten
Wann Dir Iddien oder Virschléi hutt, zéckt net, Iech bei eis ze mellen.
An de soziale Medien (Instagram a Facebook) fann Dir eis ënner “Kultur a Patrimoine Konsdref” https://www.facebook.com/KuPaKonsdref
Fir ee steierlech ofsetzbaren Don kennt Dir eis via FOCUNA ënnerstëtzen.
kontakt: kupakonsdref@gmail.com