Kruuchten: Gutt gefëllt war de Veräinssall am Paschtoueschhaff wou d'Chrëschtfeier vun der Amiperas Sektioun Noumer stattfond huet. Ganz erfreet iwwert d'Presenz vu viller neie Gesichter konnt de Sektiouns- President Lucien Schaus a senger Wëllkommensried begréissen a jidderengem e puer flotter Stonnen a gudder Stëmmung bei deser schéiner Feier gewënscht huet. Och de Verbands-President Norbert Tremuth war frou och hei derbéi ze sin an huet a senger Ried Zukunftsvisioune vun der Amiperas Zentral higewisen an och dem aktive Komitee a jidderengem schéi Feierdeeg gewënscht. Bei gudden hausgemachte Schnittercher- Kaffi a Kuch hat jiddweree d'Chance fir eppes praktesches aus der grousser Tombola ze gewannen. Beim Abschid gouf et e klenge Kado a Form vun engem Stollen verbonne mat dene bäschte Wënsch op schéi Feierdeeg an engt gesond a glécklecht neit Joer, mat der Hoffnung sech am nächste Joer nees gesond a monter erëm ze gesinn. (CR
(Fotoen: Charles Reiser)