D’Duelemer Musek feiert dëst Joer säin 125sten Gebuurtsdag

Den Optakt vun de Feierlechkeeten woar den 01. Februar mat enger Gedenkmass an der Kierch zu Duelem. Den Här Paschtour Gregor Grzanka hat déi richteg Wierder getraff betreffs de Wärt vun de Musikante, déi eis déi lescht Joren verlooss hun. D’Mass selwer gouf musikalesch gestallt vun der Sopranisten Gaëlle Vien, begleet vum Organist Laurent Biewer, Musikant an der Duelemer Musek. D’Duelemer Musek selwer huet mat hirem Dirigent Josy Holcher fir weider musikalesch Héichpunkter gesuergt.

Nomëttes ass ët weider gaangen an enger lackerer Atmosphär mat Gréiss vun der UGDA wéi och eng Usprooch vum Buurgemeeschter, dem Här Romain Kill. Et goufen Fotoen gewiss iwwer 125 Joren Duelemer Musek, wéi och Videon vun Concerts déi leschte 25 Joer. E groussen Zousproch huet déi ganz Feierleechkeet fond, déi och zahlräich besicht woar.

E neie Logo kruut d’Musek och, an daat no engem Entworf vum Sabine Barboni, Musikantin an der Musek. D’Festbrochure, déi bei dëser Geleeënheet erauskomm ass, mat den Héichpunkten, déi am Laaf vum Joer ze erwaarden sin, gouf un d’Visiteuren verdeelt. Och ass doriwwer eng Slideshow gelaaf mat zousätzlech Erklärungen. De ganze Nomëtteg hun verschidden Combo vun der Musek, fir déi entspriechend Ënnerhalung gesuecht.

E flotten Dag mat der Duelemer Musek, deen nach weider an Erënnerung wärt bleiwen.