Dikrech: Den 1.Mäerz 2023 hat de Comité Al Dikkrich seng Generalversammlung an der Grondschoul zu Dikrech. No enger Gedenkminutt fir de verstuerwenen Éierepräsident Mik Rosch, huet de Präsident Benoît Grosch op d'Fest an d'Saison 2022 zeréckgekuckt. De Vize-Präsident Frank Rosch huet d'Aktivitéite vun 2022 an de Programm 2023 virgestallt an den Tresorier Dan Reding huet de Bilan presentéiert. D'Membere Charel Ensch (30 Joer), Jean-Paul Wolff (15 Joer) a Marc Reiff (5 Joer) sinn duerch déi nei Membere Pit Grasges, André Toussaint a Kevin Bredimus ersat gin. De Comité besteet elo aus 16 aktive Memberen. De Comité huet nach eng Kéier op de Concert, deen traditionell Donneschdes virun der Ouverture vun Al Dikkrich an der aler Kierch organiséiert gëtt, zeréckgekuckt an der Trisomie 21, vertrueden duerch de Frank Mergen a Nico Hertz, ee Scheck vu 1.500 Euro iwwerreecht. Zum Schluss huet de Präsident der Gemeng Dikrech, alle Sponsoren a Veräiner, de Comitésmemberen an all hëllefend Hänn Merci gesot a si elo schonn op d'Editioun 2023 invitéiert.
Les Amis du Vieux Diekirch (www.aldikkrich.lu)