SONNDEG 14.12.2025 um 17 Auer – PARKIERCH DIKRECH
Chorale Municipale Sängerbond Dikrech
Festlichen Erëffnungsconcert fir den 175. Anniversaire vum Dikrecher Sängerbond.
IN DULCI JUBILO
Gaby Wolter-Bover, Sopran. Myriam Pütz-Weisgerber, Alt. Marc Dostert, Tenor. Manfred Logeling, Bass. Jos Majerus, Piano. Maurice Clement, Uergel. Michel Berns, Trompett. Christophe Pütz, Percussioun. Jeannot Sanavia, Kontrabass.
Jean-Paul Majerus, Direktioun.
Fir den Optakt vun de Festlechkeete fir den 175. Anniversaire presentéiert d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech de feierlechen Erëffnungsconcert IN DULCI JUBILO.
Den Ufank vum Concert dirigéiert de fréieren Dirigent Andy Loor. Duerno gëtt da symbolesch den Dirigentestaf un den neie musikalesche Leeder Jean-Paul Majerus weider ginn.
Um Programm sti souwuel traditionell a populär Chrëschtmusek, wéi och bekannte klassesch Chouerwierker, déi fir dëse Concert extra fir den Dikrecher Sängerbond vum Jean-Paul Majerus arrangéiert goufen.
IN DULCI JUBILO - in süßer Freude, mat dësem Motto wëll den Dikrecher Sängerbond och iwwert d'Chrëschtzäit raus, hiren 175. Anniversaire zesumme mat sengem Public a senge Frënn feieren.
Entrée : 25€/ 15€ <25 Joer / gratis <12 Joer. Kulturpass
Reservatioun : 691 39 51 15 / tickets.sbd@gmail.com