Den Club Soroptimist Dikrech ënnerstëtzt Stroossenengelen mat 10.000.-€

Am Kader vum 100jährigen Anniversaire vum Club Soroptimist International huet kierzlech den Club Soroptimist Dikrech der Asbl Stroossenengelen en Scheck vun 10.000.- Euro iwwerreecht. Déi Suen kommen der Asbl Stroossenengelen zegutt déi sech zum Ziel gesat hunn vir den Läit déi op der Strooss liewen ze verfleegen, oder och mat hinnen ze kucken vir se an déi virgesinnen Strukturen ënnerzekréien. Déi gespenten Gelder gi gebraucht vir Liewensmëttel ze kafen an och deenen Leit ze hëllefen déi duerch déi rezenten Héichwaasserkatastroph virum Näischt stinn.

www.stroossengelen.com