An enger beweegender Zeremonie den 11. Oktober an der Seniore-Residenz Servior zu Dikrech krut d’Madame Consiglia Fabbri, ville bekannt als Madame Poos den Éierentitel „Cavaliere dell’Ordine della Stella d’Italia“- eng grouss Unerkennung vun der italieenescher Republik fir hir 25 Joer Engagement am Italieenesch Unterrecht zu Lëtzebuerg.
Bei der klenger Feier waren ënner anerem den italieenische Botschafter zu Lëtzebuerg Carmine Robustelli, den Dr.Damiano Rampini Vertrieder vum Konsulat, de Kardinol Jean-Claude Hollerich, hir Famill a Frënn sou wéi de President Robert Bohnert an eng Delegatioun vum Comité vun den Amitiés italo-luxembourgeoises des Ardennes present.
De Kardinol Hollerich huet sech mat vill Emotioun un seng éischt Schrëtt an der italieenescher Sprooch erënnert – ënnert der Leedung vun der Madame Poos, déi him net nëmme Grammaire, mee och d’Léift fir d’italieenesch Kultur vermëttelt huet.
Op d’Fro no hirem Liblingsplat huet si mat engem Laache geäntwert: E gudde Risotto mat Tomaten a Parmesan“ a wa meng Schwëster Polenta mat Ragù gemaach huet, huet d’ganz Haus no Italie geroch!
Wéi d’Madamm Poos mat hiren 101 Joer di Auszeechnung entgéint geholl huet, sot si wéi ëmmer ganz bescheiden: „Mee ech verdéngen dat dach guer net!“
Een eenzegaartege Moment fir eng Fra, déi mat Häerz, Passioun a Bescheidenheet Brécke geschaf huet tëscht Italien a Lëtzebuerg.