Konveniat vum Jargang 1952 zu Dikrich

5 Jar nom letzte Konveniat hat de Jean-Marie Dillmann viru kuerzem op en neits seng Kolleeginnen a Kolleegen , di 1958 zu Dikrich an d’ischt Schulljar gungen , op e Konveniat agelueden . Ugefaang huet deen Dag mat enger Receptioun op der Gemeng , wou de Buergermeeschter Claude Thill di mëttlerweil 70-jährig Gäst wëllkomm geheescht a jiddwerengem als kleng Erënnerung dee neie Bildband „Dikrich.Momentopnam“ iwwerreecht huet. Duerno gung bei de Leweck op Lëpschent , wou bei schéinstem Summerwieder op der Terrass d’Mëttigeessen opgedëscht ginn ass .Nom Dessert gouf et dann nach e Gebuertsdagskuch fir de Kolleeg Charel ,deen daags virdrun säi 70. Gebuertsdag gefeiert hat.Dobäi koumen Iwwerleeungen , op dee nächste Konveniat net schonn éischter wi bis lo, vläicht schonn an drei Jar, kënnt ofgehale ginn.