Ouverture Hierschtkiermes

T'ass Kiermes am Duerf an de Spillmann ass nees do!

Letzte Freddig huet den Dikkricher Buergermeeschter Claude Haagen zesummen mat Gemengevertrieder an dem Här Roger Pelzer, President vun der "Association européenne des commerçants-forains" (AECF) d'Dikkricher Hierschtkiermes opgemaach. Nodeems d'Bändchen duerchgeschnidde ginn ass, hunn d'Invitéeën een Tour iwwert d'Kiermes gemaach, dat ganzt a musikalischer Begleedung vun der Dikkricher Stadmusik. Duerno ass den Dag mat engem gemittliche Patt, offréiert vun der Gemeng, ausklénge gelooss ginn.

D'Kiermes ass all Dag ab 12 Auer un op an dauert nach bis den 30. September