Déifferdeng. Den traditionelle Rendez-vous firum franséische Nationalfeierdag vun de Floumäert am Déifferdenger Zentrum ass dëst Joer um Sonndeg den 8.Juli. Op der Moartplaz, an der Foussgängerzone, beim Pavillon virum Parc, esou wéi an de Stroossen "avenue de la liberté", "avenue Charlotte", "Emile Mark", "J.F. Kennedey", "Adolphe Krieps", "Grève Nationale", "Parc Gerlache" wäerten op deene bis elo iwwert 800 Meter laafende Stänn tëschent 8 an 18 Auer, wäerte dann nees eng Partie Raritéiten de Proprietaire wiesselen, an déi eng oder aner gutt Affaire wäert zustane kommen.
Iwwert de ganzen Dag duerch , sinn Animatioune am Zentrumm vun de Musikante déi beim DIFFWINDS Festival matmachen.
Fir iessen a Gedrénks ass wei ëmmer gutt gesuergt . D'Grillmeeschtere vum Handball Red Boys sin am Asaz am Ufank vun der Foussgängerzone. Eisekuche, eng Taass Kaffi mat "Wäffelcher" an/oder "Madeleine" ginn fir den Télévie um Parvis virun der « Maison Emile Mark » an der Foussgängerzone vun den Dame vun der "MonaKitchen" verkaf.
Zousätzlech Informatiounen ginn et ënnert der Telefonsnummer +352 661 963 417 oder mail hobbydiff@handballredboys.lu oder differdange.videgreniers@gmail.com .
Weider Datumer am Déifferdenger Zentrum fir 2018 sinn Sonndes den 12.August a Sonndes den 9. September. De Ofschloss vun der Outdoor Saison ass dann fir Sonndes den 14. Oktober 2018 programméiert.
08
juil.
2018
08 juil.
4
Galerie d'images
Faites défiler la page vers le bas pour voir plus d'images.