D'Ex-International Turner(innen) hu sech och dëst Joer erëm getraff.
De Rendezvous war an der „PATISSERIE NAMUR" zu Hamm.
Do si mir vum Catering Manager duerch déi nei Atelierë vun der Confiserie gefouert ginn, do wou déi schneekeg Knippercher an déi wonnerschéin Kuche gemaach ginn. Mir hunn erkläert kritt, datt beim "Namur" alles an eegener Produktioun a mat grousser Suergfalt preparéiert gëtt. Mir konnten nokucken, wéi d'Rouseblieder aus Marzipan gemaach gi sinn. Wierklech impressionant. Duerno si mir am Restaurant verwinnt ginn.
Mir hunn iwwert déi al Zäite geschwat, wou mir all nach aktiv waren. Et ass de Josy Stoffel, deen sech asetzt fir all Ex-International Turner(innen) all Joer erëm op en Neits zesummen ze ruffen, fir datt mir d'Erënnerungen erëm opfrësche kënnen. Dëst Joer ware mir zu 16 vu bal 55 Invitatiounen, déi mir erausgeschéckt hunn. Eng etlech haten sech ofgemellt, déi dëst Joer net konnten derbäi sinn. Mir géifen eis awer freeën, vun all deenen aneren och emol erëm ze héieren.