Den 7. Juli huet Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng eng Porte-Ouverte organiséiert.
Bei sonnegen 25°C konnt een wëll Déieren vun No kucken, un Visitten mat villen Erklärungen deelhuelen, dem Fräiloossen vun Villercher nokucken an natierlech eng Klengegkeet iessen an drénken.
Fleegestatioun fir wëll Déieren gouf 1988 offiziell vun da Famill François-Polfer gegrënnt. Wei bei allem gouf och hei kleng ugefangen: vun engem Igel ob iwwer 2000 Déieren am leschten Joer. Et wor geduecht just wëll Déieren vun Diddeleng ze fleegen. Mee haut ass des Fleegestatioun di eenzeg hei am Land, déi sech ëm krank, verletzten oder verweessten Déieren këmmert an se fleegt bis se erëm fräigelooss kennen ginn.
2161 Déieren goufen am leschten Joër gefleegt. Vun Fiissercher iwwer Uhuen, Graifvillecher, Inten, Marderen, Eilen, wëll Schwäin, an nach villen aneren konnt an kann nach hei gehollef ginn.
Hannert all Déier stécht ëmmer eng Geschicht. Su gouf während der Visite Geschicht vun engem Iltis den Angscht virun Maisercher huet oder engem schwaarzen Milan erzielt. Dësen wor 3-4 Deeg an da Volière bis en rëm fräigelooss sollt ginn. An dësem Moment hunn Fleeger gemierkt, dass hien en Ee geluecht hat. Dëst gouf den Dauwen ennergejuebelt an no 35 Deeg ass en klengen Milan geschlüpft. En ass vun Hand opgezunn ginn bis en elo grouss an staark ass.
Fiissercher hunn sech och ëmmer gutt verstoppt. Wat awer gutt fir si ass, well een sou mierkt, dass se hier Angscht virun den Mënschen nach hunn. Si sinn ob engem gudden Wee fir geschwënn an di grouss weit Welt fräigelooss ze ginn. An awer konnt een wann een roueg virun hiren Behausungen stoen bliwwen ass, munchmol och en Fiischen erblécken.
Fleegestatioun fir wëll Déieren ass eng Initiative, déi fir ons wëll Déieren immens wichteg ass. En groussen Respekt fir déi Aarbecht, déi se maachen, an och weiderhin vill Erfolleg gewënscht!