Diddeleng. D’Soroptimistinnen vum Club Minett hunn en Don vun 3.000 € un de Fonds Soroptimist Lëtzebuerg iwwerreecht fir de Projet ‘Centre d’Alphabétisation pour Adultes’ zu Lomé am Togo ze ënnerstëtzen. Dëse Projet erméiglecht et all Joer 60-90 Erwuessenen, haaptsächlech Fraen, an Owescoursë Liesen a Schreiwen ze léieren.
D’Alphabetisatioun ass e wichtege Schrëtt a Richtung Emanzipatioun a finanziell Onofhängegkeet. De Club Soroptimist Minett ënnerstëtzt dëse Projet am Kader vu sengem Engagement fir d’Bildung an d’Opportunitéite fir Fraen op der ganzer Welt ze verbesseren.
Soroptimist International ass 1921 a Kalifornien als éischte Serviceclub fir beruffstäteg Frae gegrënnt ginn. Säithier gëtt et dës Organisatioun weltwäit. Zu Lëtzebuerg ginn et iwwer 300 Soroptimistinnen an 11 Clibb déi mat hire Projet’en an Aktivitéiten haaptsächlech Fraen a Meedercher ënnerstëtzen.