Viru kuerzem hu sech déi fréier Spiller vum FC Olympique Äischen getraff fir de 44. Anniversaire vum Erreeche vun der Coupe-Finale ze feieren, déi de 6. Juni 1981 viru méi ewéi 8000 Zuschauer um Stade Josy Barthel zu Lëtzebuerg gespillt ginn ass. No dem Besuch vum alen Terrain "am Fräeschepull", wou momentan ee CIPA entsteet, huet d'Gemeng Habscht op een Éierewäin agelueden. Duerno goung et weider mat engem Mëttegiessen an der Brasserie de la Gaichel. Als Ofschloss goufen an der Buvette vun der Alliance Äischdall zu Habscht flott Videoen a Fotoe vun deem memoraablen Dag gewisen.