Ell: No engem klengen Aussetzer, bedingt durch Corona, loosse mär d’Traditioun vum Klassekonveniat rëm opliewen. Heimatt lueden mär Dech an op den 7ten Konveniat, dee stattfënd, Samesches, den 22. November zu Grousbous am Restaurant Carpe Diem. Esou stong och op der Aluedung, déi op Initiative vum Liliane Goergen, Edmée Jans an Marco Reiser fir dest schéint Treffen dann och ze organiséieren verscheckt gin ass. Zesummen huet jiddereen sech dann och den 3- gängige Menü gut schmaache gelooss. Och ass bei der Geleeënheet un di déi fréier verstuerwen Komeroden : Yves Schreiber. Fernand Klein, Edmond Heiderscheid, Erny Trausch a Monique Steffen geduecht gin an et ass och fir jiddereen vun hinnen eng Kärz ugefaange gin. D’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren vun deemols goufen och nit vergiess. An enger angenehmer Ambiance si vill schéin Erënnerungen an Anekdoten aus der onvergiesslicher Schoulzäit nees opgefrëscht gin. Et ass dobéi och ganz vill gelaacht a gegeckst gin. Beim Abschied ass sech op e Rhythmus vun 3 Joer fir dat nächst Treffen geenigt gin. (CR (Foto: Charles Reiser)