Sonndes Moies, den 12. Oktober war den nationale Commemoratiounsdag zu Ell. No der Mass huet de Schäffen a Gemengerot eng Gerbe beim Monument aux Morts nidder geluecht, musikalesch begleet mat der Sonnerie aux Morts gespillt vun der Musik Gemeng Ell.
Duerno ass d’Austellung iwwert de Generalstreik am zweete Weltkrich zu Wolz presentéiert ginn.
De Buergermeeschter Henri Rasqué an de Präsident vun den enrôlés de Force vun der Sektioun Biekerech-Ell-Réiden Edy Graf hunn an hire Rieden un di schrecklech Dote vun deemools erënnert an ermaant dass esou eppes ni méi dierf geschéien.
Vill Leit hunn et sech dee Moien net huele gelooss bei dëser wichteger Feier derbäi zesinn.
Mat engem Éirewäin gouf de Programm ofgeschloss.