Eng gemeinsam Zukunft fir 2 Veräiner
Zu Iernster ass viru Kuerzem ee raart Zeeche vu Frëndschaft tëscht Veräiner gefeiert ginn: D’Chorale Ste Cécile vun Iernster huet sech dem Gaart an Heem Iernster asbl ugeschloss. Doduerch kann d’Chorale och weiderhi bestoen an de Gaard an Heem ass gewuess.
D’Chorale huet der Gemeng merci gesot fir déi joerelaang Ënnerstëtzung an huet drop gehalen, säin Ofschloss mat engem soziale Geste ze feieren. Duefir huet e 4 Chèque verdeelt. D’ASBLën ALAN, Amicale Routscheed, Privaten Déiereschutz a Sozialhëllef Iewescht Syr konnte sech jiddreng iwwer en Don vun 2500 € freeën. D‘Vertrieder vun de respektive Veräiner hunn häerzlech Merci gesot an hir Organisatioun mat Begeeschterung virgestallt. De Rescht vun der Keess gëtt de Gesank an de Fusiounsveräin Gaart an Heem a Gesank Iernster asbl.
Mat engem Éierewäin a Schnittercher, offréiert vun der Gemeng Nidderaanwen, ass dee gemittlechen Owend op en Enn gaangen.