Autofräie Sauerdall

De 17. September as et erëm sou wäit , den Autofräie Sauerdall gëtt vun Ierpeldeng op Méchela organiséiert . Op enger Stréck vu 14Km, vun Ierpeldeng bis op de Willspull a Retour fannt Dir alles fir Bike & Hike. Zu Ierpeldeng a Méchela ass d'Vitess op 30 erof gesaat. D' Streck tëscht deenen zwou Uertschaften as komplett fir de motoriséierte Verkéier gespaart .

Kommt lasnscht a profitéiert ären Dag an enger gudder Ambiance ze verbréngen. Fir Iessen a Gedrénks as gesuergt. Vill Animatioun erwaart ech Iech an är Famill ënnert anerem ee Vëlosparcours mam Lex Reichling a Suzie Godart, e Sprangschlass, de Ludobus a villes méi .

Fir dei musikalesch Stëmmung suergen d ' Lisa Mariotto an d ' Akustiks