Hell schéngt de Mound een Dag vrum 1. Advent

De Kalenner weist: Haut ass den 2. Dezember. Nach een Dag bis Vollmound a bis den 1. Adventsonndeg. D'Nuecht war schuddreg kal. Dofir ass den Himmel klor. D'Stäre fénkelen. Dofir ass de Mound gudd ze gesinn a liicht hell.Um halwer 5 an der Fréih léisst en sech nach e puermol fotograféiren a seet: "Äddi, an enger Stonn sinn ëch fort. Muer kommen ech nees zréck. Da sinn ech voll do a kucken, op déi éischt Käerz brennt."