Scheckiwwerreechung un ALAN

Bei Geleeënheet vun der Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative vun Ierpeldeng un der Sauer hunn d’Kënschtler aus der Gemeng Ierpeldeng e Scheck vu 1400 € un ALAN (Association luxembourgeoise d’aide pour les personnes atteintes de maladies neuromusculaires et rares) iwwerreecht.
1240€ hat d’Ausstellung « Konscht fir e gudden Zweck », déi de Syndicat d’Initiative am Kader vu senger Niklosfeier organiséiert hat, abruecht. D’Kënschtler hunn d’Halschent vun hirer Recette-eenzelner och de ganzen Erléis- un ALAN gespent an de Syndicat huet sech eng Freed draus gemaach, sech un dësem generéisen Don ze bedeelegen.