Soroptimist International Esch-Uelzecht ennerstëtzt d'asbl RAHNA



Viru kuerzem huet de Club Soroptimist International ESCH e Scheck vun 12.000euros, aus dem Erléis vun verschiddenen Aktivitéiten vum Club an engem don, un d'a.s.b.l RAHNA iwerreecht.

D'a.s.b.l RAHNA parrainéiert a finanzéiert Assistenzhenn di je no Ausbildung, enner anerem, bei Persounen mat ageschränkter Mobilitéit, an Altersheimer oder als Warnhenn bei Diabetiker an Epileptiker agesat ginn.

Konkret helleft des Spend enger jonker iabetikerin e Mupp ze finanzéiren den et hir erméiglecht hiren Alldag eegestänneg ze meeschteren.