Eeschler – 18 fréier Schüler, déi zu Eeschler an d’Primärschoul gaange sinn, hunn sech viru kurzem zu Eeschler getraff.
Den Här John Rossi vum Lënster Bicherclub Luxemburgensia huet hinnen dat aalt Schoulgebai gewisen an iwwer seng nei Notzung erzielt. Dat ronderëm erneiert Gebai war bis 1969 d’Schoul fir d’Kanner vun Eeschler a Weydig.
De Buergermeeschter vun der Gemeng Jonglënster, den Här Ben Ries, huet deene fréiere Schüler no der Visite vun hirem Schoulgebai e Patt offéiert.
Duerno sinn si weider op Bech an de Restaurant Steinmetz gefuer, wou si bei engem exzellenten Iessen a flotte Gespréicher de Mëtteg verbruecht hun.
Dat Ganzt war organiséiert vum Marie-Rose Heintz-Rippinger an dem Marc Weides, an déi ganz Equipe freet sech elo schonn op de nächste Konveniat, bei deem se erëm alleguer wëllen derbäi sinn.